Schéissstänn als Sécherheetsproblem?

Wéi een an engem Tageblatt-Artikel vum 29te Januar liese kann, gëtt et hei am Land Schéissstänn, wou Policebeamten, Zaldoten a privat Sécherheetsbeamte kënnen den Ëmgang mat Waffen trainéieren an taktesch Übungen maachen. D’Firma, déi d’Schéissstänn bedreift, bitt doriwwer eraus awer och Traininge fir Praktiken un, déi zu Lëtzebuerg net erlaabt sinn, a fir déi d’Clienten dann an d’Ausland ginn. De Präsident vun der Policegewerkschaft ass am Tageblatt-Artikel ganz kritesch, wat dës Schéissstänn an Übungen ugeet: “Taktik verkauft man nicht” an “Das ist also nicht nur ein nationales, sondern sogar ein internationales Sicherheitsproblem“ (Zitat Pascal Ricquier). 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi gesinn d’Ministeren esou d’taktesch Übungen, déi zu Lëtzebuerg ugebuede ginn? Wat ass d’Base légale fir dës Trainingen?

  2. Wéi gëtt séchergestallt, dass déi Professionell, wann se dann op esou Stänn ginn, just Praktike léieren, déi laut Gesetz och erlaabt sinn?

  3. Wëssen d’Ministere vu Beamten an Zaldoten, déi dës Schéissstänn notzen?

  4. Wéi stinn d’Ministeren dozou, dass esou Firmen Servicer ubidden, déi zu Lëtzebuerg net erlaabt sinn, a fir déi si hir Clienten aus Lëtzebuerg dann op Plazen an d’Ausland dirigéieren?

  5. Mam Gesetz vum 20te Januar 2022 goufe verschidden Ännerungen virgeholl, wat den Emgang mat Waffen ugeet. Ab wéi engem Alter dierfe Persounen op engem Schéissstand, wéi deem am Zeitungsartikel ernimmten, trainéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5635

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene