De Julian Assange däerf net ausgeliwwert ginn !

D’Piratepartei condamnéiert kategoresch d’Decisioun vun der Londoner High Court of Justice vum leschte Freiden, d’Ausliwwerungsverbot vum australesche Whistleblower Julian Assange opzehiewen.

Wann den Assange ausgeliwwert géif ginn, wär dat e ganz schlëmme Coup fir d’Pressefräiheet an fir en onofhängegen investigative Journalismus. Net nëmmen datt him iwwer 100 Joer Prisong droen soubal hien e Fouss op den US-amerikanesche Buedem setzt, mee et wier och e e schreckleche Message fir all déi Fraen a Männer, déi sech fir d’Opdeckung an d’Opklärung vu Mëssstänn an der ganzer Welt asetzen.

Et geschéie leider vill ze vill Grujelegkeeten, an zwar iwwerall, fir datt mir einfach esou op Enthüllungsplattformen an déi couragéiert Leit, déi hannendru stinn, verzichte kënnen.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene