Wéi ass d’Regierungspositioun zur Vorratsdatespäicherung?

Am Summer vun dësem Joer huet d’EU-Kommissioun d’Memberstaaten am Dossier iwwert d’Vorratsdatespäicherungen ëm Stellungname gebieden.
Konkret goung et ëm d’Fro, wéi eng vun de folgenden Optiounen de Staaten am passendsten erschénge géifen, fir sech den Urteeler vum Europäesche Geriichtshaff ze konforméieren:
• “Policy approach 1: no EU initiative”
• “Policy approach 2: Non-regulatory initiative on data retention (i.e. recommendation or guidance from the Commission)”
• “Policy approach 3: regulatory initiative on data retention
Approach 3(a): generalised retention of traffic and location data for national security purposes
Approach 3(b): targeted data retention of traffic and location data for serious crime and serious threats to public security (and, a fortiori, safeguarding national security)
Approach 3(c): expedited retention (quick-freeze) of traffic and location data for serious crime and the safeguarding of national security
Approach 3(d): generalised retention of IP addresses assigned to the source of an Internet connection for serious crime and serious threats to public security
Approach 3(e): generalised retention of civil identity data to fight crime and public security threats in general”

Lëtzebuerg huet sech a senger Äntwert un d’Kommissioun, déi vu statewatch.org publizéiert gouf, fir d’Approche N°3 ausgeschwaat, awer ouni weider drop anzegoen, ob d’Optioun a, b, c, d oder e favoriséiert géif ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat huet d’Regierung net vun der Chance profitéiert, hir Meenung der Kommissioun méi detailléiert duerzeleeën?

  2. Wéi steet d’Regierung zu de Proposen 3(a)-(e)?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5349

Zesummenhang posts

Virun Joerzéngte gouf zu Lëtzebuerg eng Zort Biber mam Numm Nutria importéiert, deen zënterhier Deel vun eiser Ëmwelt ass. An engem Wort-Artikel vum 10te
An der Äntwert op meng Fro n°1971 iwwert d’Versteeë vun Immobilien goung ervir, datt zanter 2019 insgesamt 1.364 Immobilien op ëffentleche Steeën verkaaft goufen.Am