Aussëtze vun Rechter vu Geflüchteten

Am Artikel “Brüssel kommt Warschau entgegen” vum 2. Dezember aus dem Lëtzebuerger Wort heescht et: “Die Europäische Kommission kommt Polen, Litauen und Lettland entgegen. Angesichts der Lage an der Grenze dieser EU-Staaten zu Belarus will die Kommission es ihnen erlauben, bestimmte Schutzrechte von Migranten vorübergehend auszusetzen. […] Der Vorschlag der Kommission, der am Mittwoch vorgestellte wurde, folgt dem Wunsch der EU-Staats- und Regierungschefs die Ende Oktober die Behörde dazu aufforderten, „Änderungen am Rechtsrahmen der EU vorzuschlagen“, um sich gegen Lukaschenkos Vorgehen zu verteidigen.” Esou sollen d’Staate ganzer 4 Wochen Zäit kréien, fir een Asyluntrag z’enregistréieren. Gläichzäiteg dierfen d’Demandeuren domat un den EU-Baussegrenzen an Zentre festgehale ginn, bis no 16 Wochen hir Demande soll traitéiert sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi steet d’Lëtzebuerger Regierung zu dëser Propos?

  2. Wäert d’Lëtzebuerger Regierung dëser Propos, esou wéi se elo virläit, am Conseil zoustëmmen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5346

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene