Wéi ginn d’Baulandreserven vum Staat genotzt?

D’Ministeren hu gëschter an enger Pressekonferenz déi nei Rapporte vum Observatoire de l’Habitat virgestallt, aus deenen ervirgeet, dass zu Lëtzebuerg nach 3 732 Hektar Land fir de Wunnengsbau kéinte benotzt ginn an deemno Platz fir 300 000 weider Persoune wier. Weider geet aus der Nott n°29 ervir, dass d’ëffentlech Hand, also de Staat, d’Gemengen an d’ëffentlech Bauträger/Fonge ronn 505 Hektar Bauland besëtzen. Dëst ass zwar nach net esou vill, wéi d’Privatfirme besëtzen, mee ëmmerhin kann een domadder schonns ee groussen Deel vun deenen 142 000 ugekënnegte Wunnengen hei am Land bauen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Hektar Bauland, déi am Besëtz vun der ëffentlecher Hand sinn (Gemeng, Fongen, Staat), goufen an deene leschte 5 Jore bebaut? Wéi vill Wunnenge fir wéi vill Persounen goufen op dësen Terraine gebaut?

  2. Opgeschlësselt no Kanton, wéi vill Hektar Bauland, déi am Besëtz vun der ëffentlecher Hand sinn, sinn aktuell nach net bebaut? 

  3. Wéi vill Hektar Bauland, déi am Besëtz vun der ëffentlecher Hand sinn, ginn de Moment bebaut?

  4. Fir wéi vill Hektar Bauland, déi am Besëtz vun der ëffentlecher Hand sinn, leit nach kee PAP vir?

  5. Fir wéi vill Hektar Bauland, déi am Besëtz vun der ëffentlecher Hand sinn, leien nach keng Baugeneemegunge vir?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5313

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene