Campagne Gewalt kënnt net an d’Tut

A Kollaboratioun mat zwee Bäckerei-Betriber aus Lëtzebuerg huet de Ministère fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer d’Campagne “Gewalt kënnt net an d’Tut” lancéiert. D’Zil ass et, d’Biergerinnen a Bierger op d’Thema vun der Gewalt doheem ze sensibiliséieren an op subtil Aart a Weis op d’Helpline Violence (+352 20 60 10 60) an de Site www.violence. lu opmierksam ze maachen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi laang wäert dës Campagne lafen? Wéi ee Budget huet de Ministère fir dës Campagne virgesinn?

  2. Op Basis vu wéi enge Krittäre goufen d’Bäckereien eraus gesicht?

  3. Wärend dëser Aktioun huet de Ministère och gratis Croissanten a Streiselen un Passante verdeelt. Huet et sech bei dëse Mëtschen ëm Bio-Mëtsche gehandelt?

  4. Och op de soziale Medien huet de Ministère fir dës Campagne Reklamm gemaach. Op 2 vun 3 Fotoe gesäit een d’Ministesch. Fënnt d’Ministesch, dass dës Fotoen déi richteg waren, fir op d’Problematik vun der häuslecher Gewalt opmierksam ze maachen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5223

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene