Pelzverbuet an Europa – wéi gesäit et aus?

Zum aktuellen Zäitpunkt reegelt d‘lëtzebuergescht Déiereschutzgesetz, dass d’Produktioun vu Pelzer zu Lëtzebuerg verbueden ass. Dës Reegelung verbitt awer net de Verkaf vu Pelz, deen aus dem Ausland importéiert gëtt. Deemno gëtt d’Pelzindustrie an déi domadder agoend Déierequälerei an aner Länner verlagert.
D’Ëmstänn, deenen d’Déieren an der Pelzproduktioun ausgesat sinn, stinn am klore Géigesaz zu der Würd vum Déier, déi Lëtzebuerg mam Déiereschutzgesetz vun 2018 unerkannt huet. E Verbuet vum Pelzverkaf wier also just den nächste logesche Schrëtt am Déiereschutzdossier, fir ze verhënneren, dass duerch de Verkaf vu Pelzproduiten um lëtzebuergesche Marché an anere Länner eng Industrie ënnerstëtzt gëtt, déi Liewewiesen onerträgleche Qualen an domat absolut onwierdege Konditiounen aussetzt.
Virun 2 Joer haten d’Piraten eng Diskussioun iwwert d’Pelzverbuet an der Chamber ugestouss. An enger Aktualitéitsstonn zum Thema gouf vun eiser Säit eng Motioun proposéiert, an där d’Regierung opgefuerdert gouf, de Verkaf vun Zuuchtpelzer nach an dëser Legislaturperiod ze verbidden. Dës Motioun gouf net vun de Majoritéitsparteien ugeholl. De Minister fir Landwirtschaft hat awer am Kader vun dëser Debatt dorobber higewisen, dass esou ee Verbuet op europäeschem Niveau kéint kommen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet de Minister den Dossier vum Pelzverbuet schonn op europäeschem Niveau ugeschwat? Falls jo, a wéi enge Reuniounen?
  2. Wéi ass de Stand haut vun der europäescher Demarche? Wéi eng Partnerlänner huet de Minister identifizéiert, déi d’lëtzebuergesch Approche vum Pelzverbuet deelen?
  3. Wéini schätzt de Minister, dass ee Verkafsverbuet fir Pelzer op europäeschem Niveau wäert a Kraaft trieden?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5214

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene