Zwangsaarbecht vun Uiguren

D’Chineesescher Provënz Xinjiang ass ee vun de Siedlungsschweierpunkte vum Vollek vun den Uiguren. Dës Provënz ass och fir hire Bamwoll-Ubau bekannt an de Verdacht steet am Raum, dass d’Uigure vun de Chineeseschen Autoritéiten zu Zwangsaarbecht op de Bamwollfelder gezwonge ginn, wou wéinst Marken, wéi H&M, virun e puer Méint decidéiert hunn, keng Bamwoll méi aus dëser Provënz ze kafen. Deeler vun der Esquel Group, engem vun de gréissten Textilhiersteller op der Welt, goufe wéinst de selwechte Virwërf vun den USA op eng schwaarz Lëscht gesat. Dëse Grupp beliwwert ënnert anerem Marken, wéi Hugo Boss, an och Lidl steet wéinst Filialen an der Regioun an der Kritik.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. De Minister huet an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°3509 erkläert, dass d’Regierung d’Entwécklungen an der Provënz Xinjiang géing genee suivéierten an thematiséieren. Wéi an a wat fir engem Kader huet Lëtzebuerg dëse Sujet dëst Joer thematiséiert?

  2. Hat Decisioun vun der USA, fir verschidden Textilhiersteller op eng schwaarz Lëscht ze setzen, bis elo een Afloss op Lëtzebuerg? Falls jo, wéi een Impakt hat dës Decisiou fir d’Importquantitéiten aus dëser Regioun?

  3. Ass de Minister der Meenung, dass dëse Fall ee weidert Beispill ass, dat wéisst, firwat d’EU a Lëtzebuerg ee Liwwerkettengesetz brauchen? Wou ass dësen Dossier am Moment an der EU drun? 

  4. De Minister hat am Kader vun der Aktualitéitsstonn iwwert d’Pegasus Software erkläert, dass Lëtzebuerg géing selwer aktiv ginn, falls d’EU Memberstaaten sech net op een Text fir ee Liwwerkettengesetz eenegen an d’Prozedur op EU-Niveau net weider kënnt. Hien soot och, dass een net nach 2 Joer kéinnt waarden ouni dass eppes geschitt. Wéi vill Zäit wäert de Minister den EU-Autoritéiten nach araumen, fir esou eng Direktive op de Wee ze bréngen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5209

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene