Fir e Referendum iwwert eis Verfassung !

D’PIRATEN sti kloer fir e Referendum iwwert eis Verfassung an ! Nodeems den 20. Oktober dat éischt Kapitel vun de Verfassungsännerungen an der Chamber gestëmmt gouf, ginn et elo 2 Pisten fir e Referendumduerchzesetzen.

  1. Bis den 3. November eng Demande areechen fir e Referendum ze maachen AN duerno an zwee Méint 25.000 Ënnerschrëften op Pabéier an de Gemengen ze sammelen !
    Fir dës Piste opzehalen hu mir matbestemmung.lu an d’Liewen geruff fir ze koordinéieren an ze préparéieren. Hei kënn Dir Äre Support ausdrécken a mir halen Iech um Laafenden wéi mer am Beschten e Referendum kënnen erzwéngen. Deng Daten hei erlaben eis den Interessi ofzeweien an ze gesinn ob e Comité eis zum néidegen Ziel géif féieren.
  2. D’CSV huet an der Sëtzung vum 20. Oktober versprach datt wann d’Petitioun 2007 bis den 8. November iwwer 25.000 Ënnerschrëfte vun Persounen iwwert 18 Joer géif kréien, hir Deputéiert OCH géifen fir e Referendum ënnerschreiwen. Domadder wier den zweete Wee op, deen wou 16 Deputéiert duerginn fir e Referendum ze fuerderen.
    Dëse Wee ass deen einfachsten a mir invitéiere JIDDEREEN och d’Petitioun 2007 z’ënnerschreiwen ! Wien Formulairen op Pabeier brauch fir Ënnerschrëften ze sammelen, kann sech bei eis mellen ënnert piraten@chd.lu

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene