2,2 Milliarden Euro u Steiereinnamen verluer

An engem Artikel vum 21ten Oktober beliicht Reporter.lu d’Konsequenze vun de sougenannte CumEx Files. Laut Recherchezentrum CORRECTIV si weltwäit duerch Schlupflächer an den Steiergesetzer 150 Milliarden Euro u Steiereinnamen (2000-2020) verluer gaangen. Elleng zu Lëtzebuerg wieren et laut Reporter.lu 2,2 Milliarden Euro op 20 Joer.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet de Lëtzebuerger Staat rechtlech Schrëtt ënnerholl, fir déi verluere Steiergelder duerch Cum-Ex- a Cum-Cum-Transaktiounen ze recuperéieren?

  2. Wat fir Chancë gesäit d’Regierung fir dës Zomm op mannst deelweis ze recuperéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5133

Zesummenhang posts

Mir ass ee Fall zougedroe ginn, wou ee Proprietär vu verschiddene Residencë wéinst Renovatiounsaarbechten engen 30 Locatairen hir Kontrakter kënnegt. Déi ronn 30 Locatairë