Iwwerschwemmungen – Wat gouf un Hëllefen ausbezuelt?

De Finanzminister ass a senger Ried beim Depot vum Budget fir d’Joer 2022 op d’Iwwerschwemmunge Mëtt Juli zu Lëtzebuerg agaangen:  “”D’Iwwerschwemmungen déi mir den 14.-15. Juli zu Lëtzebuerg erlieft hunn, weisen datt d’Konsequenzen vum globalen Klimawandel scho längst hei zu Lëtzebuerg ukomm sinn. Och hei huet d’Regierung direkt gehandelt, an eng Enveloppe vun 100 Milliounen Euro gouf séier deblockéiert.””

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Laut der Äntwert op d’QP 4857 hunn 52 Entreprisen eng Ufro fir Hëllefen no den Iwwerschwemmunge gemaach. Laut Äntwert op d’Fro n° 4793 hunn 156 Entreprisë Kuerzaarbecht wéinst den Iwwerschwemmungen ugefrot. Wéi vill Aiden u Betriber, déi vun den Iwwerschwemmunge getraff waren, goufe bis elo ausbezuelt (opgelëscht no dem Mount, an deem d’Aiden ausbezuelt gouf)?

  2. Wéi laang hunn d’Betriber an der Moyenne missen nom Areeche vun enger Demande op ee Versement vun den Aide waarden? Wat war hei dee kierzten Delai? Wat war de längsten?

  3. Wéi vill Aiden si bis elo u privat Persounen ausbezuelt ginn, déi vun den Iwwerschwemmunge getraff waren (opgelëscht nom Mount, an deem d’Aiden ausbezuelt goufen)?

  4. Wéi laang hu Privatpersounen an der Moyenne missen nom Areeche vun enger Demande op ee Versement vun den Aide waarden? Wat war hei dee kierzten Delai? Wat war de längsten?

  5. Wéi vill Demanden vu Betriber sinn net aktzeptéiert ginn? Wat waren hei d’Haaptgrënn?

  6. Wéi vill Demande vu Privatpersounen sinn net aktzeptéiert ginn? Wat waren hei d’Haaptgrënn?

  7. Wéi vill vun der Enveloppe vun 100 Milliounen Euro fir d’Iwwerschwemmungsaffer gouf schlussendlech ausbezuelt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5105

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene