Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Frankräich setzt weider op den Ausbau vun Atomstroum

De franséisch President Emmanuel Macron huet ugekënnegt weider um Ausbau vun der Atomenergie festzehalen. Wéi France24 an engem Artikel vum 12ten Oktober schreift, wier d’Zil bis 2030 vill kleng Atomreaktere mat Kapazitéite bis zu 300 Megawatt bauen ze loossen. Weider zitéiert France24 een Expert:
“”Mais la course aux petits réacteurs modulaires à laquelle la France veut participer constitue en fait une sorte de retour en arrière – en ce qui concerne la taille. “On a commencé, dans les années 1960 par des petits réacteurs avant de basculer vers les plus grands pour réaliser des économies d’échelle”, souligne l’expert italien.””

Effektiv ass de Schrëtt zeréck zu méi klenge Reakteren net nëmmen ee Schrëtt zeréck zu méi klenge Reakteren, mee ee Schrëtt zeréck an der Ëmweltpolitik, deen d’Risike vun nuklearer Energie an déi tragesch Accidenter vun Tschernobyl a Fukushima bausse vir léisst. 

An der Äntwert op eis parlamentaresch Fro n°2197 zum Atom-Endlager an der Belsch haten d’Ministeren eis geäntwert:
“D’lëtzebuerger Regierung wäert sech mat alle juristeschen a politesch Mëttelen dofir asetzen, dat keen Endlager un eis Grenz kënnt. Esou huet d’Emweltministesch den 11. Juni 2020 ee kriteschen Avis un déi belsch Ëmweltministesch an un d ́ONDRAF geschéckt. […] De Regierungsrot war am viraus iwwert des Démarche informéiert an huet se ënnerstëtzt.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi positionéiert d’Regierung sech vis-à-vis vun de franséische Pläng, fir weider un der Atomenergie festzehalen?

  2. Wosste verschidde Regierungsmemberen am Viraus vun dëser franséischer Decisioun Bescheed?

  3. Besteet fir eist Land de Risiko, dass nieft Cattenom weider Atomkraaftwierker an Endlageren op der franséisch-lëtzebuergescher Grenz erriicht kéinte ginn? 

  4. Iwwert wéi eng Mëttele wäert d’Regierung bei eisem franséischen Noper intervenéieren? Wéi ee staarke Message wëll d’Regierung a Richtung Paräis maachen? 

  5. Wäert d’Lëtzebuerg op EU-Niveau géint den Ausbau vun der Atomenergie aktiv ginn? Falls jo, wéi?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5097

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll