Autonom Autoen a Stroossebeschëlderung

D’Regierung huet am Koalitiounsaccord ugekënnegt d’Innovatioun an der Automobilitéit z’ënnerstëtzen andeems d’Technologien, déi fir d’autonoomt Fuere gebraucht ginn, reglementéiert solle ginn. Am Automobilsecteur ginn et aktuell eng Rëtsch Autoen ze kafen, déi d’autonoomt Fueren op zweeter Stuff erméiglechen. Op eise Stroossen hunn dës Autoen awer aktuell nach mat ville Problemer ze kämpfen, well eng schlecht Beschëlderung, mangelhaft Stroossemarkéierungen oder d’Presenz vu Chantieren de Bordinstrumenter Problemer bereeden. 

A menger parlamentarescher Fro n°508 war ech schonns op mangelhaft Stroossemarkéierungen agaangen. Ee weidere Problem stellt sech bei den Emplacementer vu Schëlder, déi a verschiddene Situatiounen d’Bordmechanik iwwerfuerderen. Esou zum Beispill bei der Beschëlderung vun Tempolimitte festzestellen, dass verschidden Autoen net schnell genuch ofbremsen, fir hannert dem Schëld um Tempolimitt ze sinn. 

Wa mer autonoomt Fueren op eise Stroossen erlabe wëllen an d’Software an den Autoen richteg soll funktionéieren, da muss d’Stroossenetz, dat aktuell fir d’Mënschen gemaach ass, och fir d’Computeren adaptéiert ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi muss d’Stroosseschëlderung zu Lëtzebuerg an Zukunft ëmgestallt ginn, fir et autonomen Bordsystemer z’erméiglechen, sech un d’Dispositioune vum Code de la Route ze halen? 

  2. Wäert d’Ëmstellung op autonom Autoen och Konsequenzen fir d’Placéierung vu verschiddenen Vitesslimitatiounen a Vitesskontrollen hunn? Wéi eng Krittären wäerten hei applizéiert ginn? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5093

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene