Ausgabe vu Ministèrë fir Annoncen

Ministèren an hier Verwaltunge schalte reegelméisseg Annoncen an de Lëtzebuerger Medien, fir d’Bevëlkerung op Projeten oder Ännerungen opmierksam ze maachen. Esou gesäit een zum Beispill momentan op RTL.lu eng Annonce mam Logo vum Ëmweltministère zur KlimaExpo.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

Wéi vill hunn déi eenzel Ministèrë säit Ufank 2014 fir Annonce an de Medien (geprint oder online Zeitungen a Radio) ausginn (opgelëscht no Joer, Ministère an no Medium)?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5086

Zesummenhang posts

Am Kader vun der weiderer Ausbreedung vun der asiatescher Harespel (Vespa velutina) an der Gefor, déi dës fir eis lokal Biodiversitéit an eis Beienzuucht