Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

D’Belsch, net Gambia, huet decidéiert de Lëtzebuerger A400M op Kabul ze schécken

De 15ten August 2021 hunn d’Taliban d’Haaptstad Kabul am Afghanistan ageholl. Nodeems den Defenseminister Bausch de 17ten August an engem RTL-Interview confirméiert huet, dass de Lëtzebuerger A400M géing agesat ginn, fir Rettungsflich vun Islamabad (Pakistan) op Lëtzebuerg ze fléien, hunn sech Froe par rapport zum Zäitplang an den “feelende Sécherheetslizenzen” (RTL) gestallt.

D’Belsch Medien haten de schonn den Dag virdru gemellt, dass d’Regierung ëm de Premier De Croo géing Fligeren an den Afghanistan fir Repartimenter schécken. D’Belsche Regierung huet explizitt erwäänt, dass een A400M sollt ënnert de Fliger sinn.

Et huet sech also d’Fro gestallt, ob d’Decisioun, den A400M lass ze schécken, vun der Lëtzebuerger Regierung getraff gouf oder op d’Belsch net scho vir Lëtzebuerg mat decidéiert hat.

An nawell, den Defenseminister huet an der Äntwert op eng weider parlamentaresch Fro vun de Piraten Deputéierten erkläert, dass:

“Am Kader vun der Operatioun ,,Red Kite” hunn di Belsch Autoritéiten de 16. August 2021 gefrot ob Lëtzebuerg Awänn hatt dass de lëtzebuergeschen A400M un där Operatioun Deel hëlt. D’Belsch Autoritéite kruten innerhalb vu 24 Stonne matgedeelt dass dëst net de Fall wier.”

D’Decisioun, fir de Fliger ze schécken, gouf also net wéi vum Minister duergestallt, vun der Lëtzebuerger Regierung getraff, mee vun eise Belschen Noperen.

Wat dann d’Lizenzen ugeet, déi laut RTL Informatioune gefeelt hunn, fir de Fliger bis op Kabul ze schécken, esou heescht et an der Äntwert vum Minister:

“Et handelt sech net em Lizenzen, mee em spezifescht Equipement, Homologatiounen, Zertifikatiounen a Qualifikatioune vum Personal. Am Kader vun dem Opbau vun der binationaler A400M Unitéit sinn dës zu engem spéideren Zäitpunkt virgesinn.”

Den A400M kann also och bal 1 Joer no senger Liwwerung, nach net voll a ganz genotzt ginn.

Dës Zertifikatiounen an d’Ausbildung vun dem néidege Personal sollt schnellstméiglech nogeholl ginn, esou dass Lëtzebuerg an Zukunft Gebrauch vu sengem Fliger ka maachen. 

D’Pirate fannen, dass d’Äntwert op dës parlamentaresch Fro kloer wéisst, dass d’Lëtzebuerger Regierung hei geschlof huet. Si huet net wéi an den diversen Interviewen duergestallt, decidéiert, fir Leit aus dem Afghanistan ze retten, si huet sech just der belscher Rettungsaktioun net an de Wee gestallt. 

 

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll