Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Wat sinn d’Detailer vum Plan d’intervention d’urgence en cas d’inondations ?

De Plan d’intervention d’urgence en cas d’inondations (PIU inondations) ass e Kriseplang, dee bei Iwwerschwemmungen am Land soll zum Asaz kommen. De Plang gëtt declenchéiert, wann et zu enger “crue significative”, also enger staarker Iwwerschwemmung, kënnt. Gläichzäiteg gëtt et awer och e plan d’intervention d’urgence en cas d’intempéries, genannt Plan intempéries, deen declenchéiert soll ginn, wann et eng “crue subite”, also eng plëtzlech Iwwerschwemmung gëtt. Genee Definitiounen, wéini vun enger “crue subite” a wéini vun enger “crue significative” ze schwätzen ass, fanne sech an de Krisepläng net.

Dëst ass awer net deen eenzege Punkt, dee Froen opwerft. Interessant ass och, dass d’Administration de la gestion d’eau mam Service de prévision des crues zwar feste Bestandeel vun der Cellule d’évaluation vum PIU inondation ass, mee net vun der Cellule de crise aus dem Plan intempéries, wou si just “en fonction des circonstances” Deel vun der Cellule de crise ka ginn. 

Schlussendlech bléiwen dann och nach Froen zu den Daten, mat deene wärend engem Onwierder soll geschafft ginn. Heizou heescht et am Plan intempéries:

“Dans le cadre du « Plan Intempéries », seuls les prévisions et niveaux d’alerte fournis et publiés par MeteoLux (www.meteolux.lu) font foi. D’autres sources et médias sont susceptibles de fournir des informations similaires mais divergentes. Elles peuvent prêter à confusion dans l’évaluation de la situation et sont à écarter.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Regierung Definitioune virleeën, aus deenen ervirgeet, wéini ee vun enger crue significative an wéini vun enger crue subite schwätzt?
    Wéi ee Fall war bei den Iwwerschwemmunge vum 15.07.2021 agetrueden?

  2. Gouf Mëtt Juli 2021 de PIU inondation oder de PIU intempéries declenchéiert?
    Falls jo, wéini genee?
    War d’Administration de la gestion d’eau mam Service de prévision des crues zu deem Zäitpunkt Deel vun der Cellule d’évaluation/de crise? Wéi eng aner Acteure waren Deel vun der Cellule d’évaluation/de crise?

  3. Huet d’Administration de la gestion de l’eau Mëtt Juli 2021 Héichwaasserwarnungen erausginn?
    Falls jo, wéini an u wien?

  4. Ass d’Regierung no den Evenementer vum Juli 2021, wou et Warnunge vun auslännesche Wiederdéngschter fir Lëtzebuerg gouf, ëmmer nach der Meenung, dass just MeteoLux als Referenz fir en Declenchement vun de PIU dierf genotzt ginn? Wär et net méi virsiichteg, sech ëmmer un deem offizielle Wiederdéngscht ze orientéieren, deen déi héchste Warnung fir Lëtzebuerg eraus ginn huet, fir esou op all Eventualitéite virbereet ze sinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4903

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll