Situatioun am Afghanistan: Wat fir Lizenze feelen fir den A400M?

De Méinde Moien hate mir eng urgent Fro zu engem eventuellen Asaz vun eisem A400M am Kader vun der Afghanistan Kris un de Verdeedegungsminister gestallt. D’Belsch Medien haten de Méinde Mëtten (16.08.2021) gemellt dass d’Regierung ëm de Premier De Croo géing Fligeren an den Afghanistan fir Repartimenter schécken. D’Belsche Regierung huet explizitt erwäänt, dass een A400M sollt ënnert de Fliger sinn. Am RTL Interview de 17.08.2021 heescht et: “Der Maschinn feelen nach déi néideg Sécherheetslizensen.[…] D’Defense an den Ausseministère plangen elo zesumme mat der Belsch, de Militärfliger an en Nopeschland vum Afghanistan ze schécken.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéini genau gouf d’Decisioun geholl, fir eisen A400M mat der Registréierung CT-01 an den Asaz ze schécken? Kann de Minister eis de genauen Oflaf erklären?

  2. Hunn eis belsch Partner eis vir d’éischt kontaktéiert oder mir si? 

  3. Em wat fir Sécherheetslizenzen handelt et sech? 

  4. Firwat ginn dës Lizenze gebraucht? 

  5. Sinn dës Lizenze fir den eemolege Gebrauch oder gëllen dës Lizenzen iwwert ee längeren Zäitraum?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4870

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene