Matricules Vaccination Covid

Ëmmer méi Mënschen zu Lëtzebuerg hu mëttlerweil schon eng éischt Impfung géint de Covid-19 erhalen an all Dag kommen der dobäi. D’Impfbereedschaft zu Lëtzebuerg ass héich an dat wéisst sech och an der héijer Unzuel u Persounen, déi sech op deene verschiddene fräiwëllege Lëschten aschreiwen, fir eng Reschtdosis ze kréien, déi aanscht Owes am Impfzenter géif ewech gehéit ginn, oder fir eng Impfung mam Vaccin vun AstraZeneca oder Johnson & Johnson ze kréien.
Viraussetzung, fir sech op esou eng Lëscht androen ze kënnen, ass d’Ausfëllen vun engem Online-Formular bei deem ee seng Matricule muss aginn.
Mat der Matricule ka kontrolléiert ginn, ob eng Persoun och wierklech zu Lëtzebuerg wunnt an ob si och aal genuch ass, fir dierfe geimpft ze ginn. Falls de Krittär vum Alter oder vun lieu de résidence net erfëllt sinn, kann ee sech net op der Lëscht androen.
Grad bei jonke Persounen, déi erréischt säit kuerzem d’Volljähregkeet ereescht hunn, soll et aktuell zu Problemer kommen, well hier Matrikulen um Site net akzeptéiert ginn, obwuel si eigentlech all d’Krittären erfëllen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ginn all Dag nei Matrikulen fräigeschalt, fir sämtleche Persounen, déi un deem Dag d’Volljäregkeet ereescht hunn, Zougang zum System ze erméiglechen?
    • Falls nee? All wéi vill Deeg/Wochen ginn nei Matriculen am System fräigeschalt?
    • Firwat gouf sech fir dësen Intevall-System entscheed?

  2. U wéi eng Administratioun kann sech eng Persoun wenden, falls si Problemer huet, sech op enger Lëscht unzemellen, well d’Matrikule refuséiert gëtt, obwuel se all d’Krittäre fir eng Inscriptioun erfëllt?
    • Kann sech dës Persoun op engem aanere Wee umellen oder muss si warden bis den informatesche Problem geléisst gëtt?

  3. Wéi laang dauert et an der Moyenne fir eng Matricule fräizeschalten wann eng Persoun volljähreg gett?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4586

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene