Russesche Staatssender freet Lizenz zu Lëtzebuerg un

Laut dem Artikel “Kalter Krieg am Himmel” vun der Süddeutsche Zeitung, huet ee russesche Staatssender, genannt RT, eng Lizenz fir hiert däitscht Departement RT DE zu Lëtzebuerg ugefrot. Doduerch kéint den RT dann a ganz Europa senden. De russesche Sender wëll ab Dezember an Däitschland senden. 

RT konnt an Däitschland keng Lizenz kréien, well laut däitschem Gesetz, ee Sender net dierf direkt vum enger auslännescher Regierung finanzéiert ginn.

Laut der Süddeutsche, hunn sech lëtzebuergesch Beamten, SRE-Mataarbechter, Diplomaten an d’ALIA mat hiren Homologe getraff, fir iwwert de Sender an d’Demande no enger Lizenz zu Lëtzebuerg ze beroden.

Laut dem President Putin, geet et beim RT drëms, “das Monopol der angelsächsischen Medien zu brechen”. De Sender fält awer virun allem duerch fragwürdeg Aussoe géigeniwwer Russland-Kritiker op. Am Fall vun der Verhaftung vum Raman Pratasevič am Belarus duerch eng forcéiert Landung vun enger Ryan-Air-Maschinn, huet d’Chefredactrice vun RT DE zum Beispill erkläert, dass dës Aktioun “schön ausgeführt” war. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Ministère bestätegen, dass et zu enger Entrevue mat den uewe genannten Akteure koum? Falls jo, kann de Ministère erklären zu wat fir Schlussfolgerungen een duerch dës Entrevue komm ass?

  2. Goufen et weider Entrevuë, fir iwwert d’Lizenz-Vergab u staatlech Senderen ze beroden?

  3. Kann de Minister bestätegen, dass eng Demande fir eng Lizenz vun RT DE Productions GmbH virläit?

  4. Am Fall wou RT DE géing decidéieren, net nëmmen hier Duechtergesellschaft zu Lëtzebuerg ze etabléieren, mee de ganze Sender op Lëtzebuerg wéilt kommen, kéint et dann zu enger Lizenz-Vergab kommen? Kéint RT dann – am Fall wou hir Journalisten am Presserot géifen ugeholl ginn – vun enger Pressehëllef zu Lëtzebuerg profitéieren? 

  5. Wéi steet d’Lëtzebuerger Regierung zum Sender RT ? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4527

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene