Noudwendegkeet vu PCR Tester bei Traitementer

Laut u mech erugedroen Informatiounen, musse Kriibspatiente virun hiren Traitement an der Onkologie een negative PCR-Test virleeën – an dat och wa si eng vollstänneg Impfung oder de Beweis vun enger iwwerstanener Erkrankung virweise kënnen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch confirméieren, dass ee Patient am Fall vum enger Chemotherapie ëmmer muss een negative PCR-Test viru sengem Traitement an der Klinick virleeën? Falls jo, firwat ass dësen Test och néideg, wann eng Persoun ee vun den aner “3G-Krittäre” vum Covid-Check erfëllt?

  2. Fir wéi eng aaner medezinesch Traitementer am Spidol mussen d’Patient och een negative PCR-Test virleeën? Firwat ass dat esou?

  3. Kënnen d’Klinicke selwer decidéieren, ob si de Regime Covid-Check applizéieren (oder eben och net applizéieren) oder läit d’Entscheedungsgewalt hei bei der Regierung?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4505

Zesummenhang posts

Mir ass ee Fall zougedroe ginn, wou ee Proprietär vu verschiddene Residencë wéinst Renovatiounsaarbechten engen 30 Locatairen hir Kontrakter kënnegt. Déi ronn 30 Locatairë