Wéi vill Kaschten d’Autobunnraststätten de Staat a wéi vill bréngen se an?

Zu Lëtzebuerg gëtt et – wéi a villen aner Länner och – laanscht d’Autobunne Raststätten a Form vun Aires de repos an Aires de service. De Staat ënnerhält dës Plazen a bitt den Tankstellen oder Restauranten, déi do wëllen ee Service ubidden, Verträg un.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Verträg mat Firme fir d’Exploitatioun vun enger Aire de service lafen am Moment?

  2. Mat wéi vill Einnahme pro Joer sinn dës Verträg verbonnen (opgeschlësselt op déi lescht 5 Joer)?

  3. Wéi vill huet d’Konstruktioun vun den eenzelen Airen, déi no 2005 ferdesch gestallt goufen, kascht? 

  4. Wéi héisch waren d’Entretienskäschten an deene leschte 5 Joer (opgeschlësselt no Joer) fir d’Aires de service am Land?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4462

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen