Vertrieder vun der Personaldelegatioun an zum Deel staatleche Firmen – Nofro

An der parlamentarescher Fro n°339 vum Februar 2019 hat ech opgrond vu Berichter vum Radio 100,7 nogefrot, ob all d’Firmen, bei deenen de Staat méi wéi 25% vum Kapital hält, sech un den Artikel L.426-1 (2) vum Code de travail halen, an ee Vertrieder vun der Personaldelegatioun an hirem Verwaltungsrot hunn. Deemools hat de Minister konforméiert, dass bei 17 vun den 22 betraffene Firmen, kee Vertrieder vum Personal am Verwaltungsrot siegéiere géif.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. A wéi ville Firmen hält de Staat aktuell 25 oder méi Prozent vum Kapital? Bei wéi villen dovunner ass e Vertrieder vun der Personaldelegatioun am Verwaltungsrot? Bei wéi engen net?

  2. Wéi vill Firmen, a wéi eng, hunn zwar e Member vum Personal am Verwaltungsrot, mee sinn net am groussherzoglechen Arrêté vum 11. August 1974 opgelëscht?

  3. An der Äntwert op d’Fro 339 heescht et:  “”Den Aarbechtsministère wäert no der Installatioun vun den neien Personaldelegatiounen e Courrier un déi betraffen Gesellschaften adresséiere fir se op d’Bestëmmunge vun den Artikelen L. 426-1 bis L. 426-4 vum Code du Travail opmierksam ze maachen.”” Sinn d’Ministere bei dëse Firmen intervenéiert, fir esou séier wéi méiglech eng Konformitéit mam Gesetz hierzestellen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4273

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene