Fairtrade Kleedung beim Staat

Cartias, Fairtrade Lëtzebuerg an de Kooperatiounsministère hunn d’lescht Woch nach eemol d’Campagne “Rethink your clothes” lancéiert. D’Zil vun dëser Campagne ass et, fir d’Leit ze motivéieren méi sozialen an ëmweltfrëndleche Kleeder ze kafen . Esou soll géint Zwangs- a Kanneraarbecht an den Textilfabricke virgaange ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. D’Post huet als staatlech Institutioun hei een éischte Wichtege Schrëtt gemaach a stellt sengen Aarbechter säit dem leschtem Joer, Jacketten aus Fairtrade Hierstellung ze Verfügung. Wou stinn aner Staatlech Institutioune beim Thema Nohalteg Kleedung?

  2. Huet d’Regierung schonn an aner Domainer (wéi zum Beispill Police, Arméi, Douane, Waasser- a Forstverwaltung ect.) Fairtrade zertifiéiert Kleedung bestallt?

• Falls jo, wéi vill Fairtrade zertifiéiert Kleedungsstécker goufe säit 2018 vun der Regierung bestallt?

• Falls nee, denkt d’Regierung net dass een als Partner an der “Rethink your Clothes” Camapgne net mam gudde Beispill misst virgoen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4174

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene