Juegd wärend der Ausgangsspär

De 15ten Abrëll huet den Ëmweltministère an engem Bréif un d’Jeeërfederatioun erkläert, dass d’Juegd och wärend der Ausgangsspär legal wier. Dëst, wëll den Artikel 10 am d’Juegdgesetz virgesäit, dass ee Jeër eng Stonn viru Sonnenopgank an eng Stonn no Sonnenënnergang dierf joen. D’Covid-Gesetz vum 7ten Abrëll gesäit awer am Artikel 3 ënnert keng solch Ausnam vir.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ënnert wat fir ee vun deenen 9 opgelëschte Punkte vum Artikel 3 vum Covid-Gesetz fält d’Juegd laut Ëmweltministère, bedenkend, dass de Ministère 2020 d’Juegd nach als Fräizäitbeschäftegung ugesinn huet ?

  2. Laut dem juristeschem Prinzip vun der abrogation tacite gëllt am Fall vun engem Konflikt tëscht 2 Gesetzer, déi déi selwecht Plaz an der Hiérarchie des normes anhuelen, de Prinzip, dass dat méi néit d’Gesetz ze respektéieren ass. Gesäit de Ministère ee Konflikt tëscht dësem international unerkannte Prinzip a sengem Bréif vum 15ten Abrëll?

  3. Aktuell geet d’Sonn zu Lëtzebuerg géint 6:40 op a géint 20:30 ënner. Laut Artikel 10 dierften d’Jeeër also tëscht 5:40 an 21:30 op d’Juegd goen. An dësem Fall wier dat also eng Iwwerschneidung vun 20 Minutten zu der momentaner Ausgangsspär. Den 21ten Juni (dem längsten Dag vum Joer) wäert d’Sonn um 5:30 op an um 21:45 ënner goen. Dat wier eng Iwwerschneidung vun 1h30 par rapport zur momentaner Ausgangsspär. Ugesiichts dësen Zuelen, hält de Ministère et fir proportionell, fir an dësem Fall d’Ausgangsspär fir d’Jeeër fir d’ganz Nuecht opzehiewen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4102

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene