Ronn 30 Milliounen Dosen AstraZeneca an Italien blockéiert

Am Hollänneschen Halix Wierk gëtt AstraZeneca Impfstoff hiergestallt, deen duerno an Italien a Flacone gefëllt gëtt. Dat Hollännescht Wierk ass nach net vun der EMA als Produzent vun AstraZeneca an der EU zougelooss. Dat wëll de Pharmakonzern, anscheinend och no Nofroe vun der EMA, nach ëmmer net all déi néideg Dokumenter fir eng Zouloossung agereecht huet. Esou sinn, laut Medieberichter, am Moment ronn 30 Milliounen Impfdosissen an Italien blockéiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Regierung der Meenung dass Impfstoff vun engem zougeloossenen Hiersteller aus enger net zougeloossener Fabrick zu Lëtzebuerg genotzt sollt ginn?

  2. Wäert d’Regierung sech op EU-Niveau dofir asetzen, dass den Impfstoff aus dem Wierk aus Holland an der EU verimpft ginn wäert?

  3. Wat kéint Lëtzebuerg rechtlech gesinn ënnerhuele, fir des Dosen zu Lëtzebuerg notzbar ze maachen (op legislativem oder reglementareschem Plang) ?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3926

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene