Fuerschung an Entwécklung vun Anti-Covid Medikamenter

Den 11ten Mäerz gouf bekannt, dass een Antikierper-Traitement ënnert dem Numm VIR-7831, vu britteschen an amerikanesche Pharmakonzerner entwéckelt, an éischte Studien d’Zuel vun den hospitaliséierten oder verstuerwe Covid-19 Patienten ëm 85% gesenkt huet. D’Firme wëllen schonn an noer Zukunft eng Zouloossung an den USA ufroen. Och op der Unisklinik Köln gëtt en Antihistaminikum a Form vun engem Nues-Spray am Moment als méiglecht Covid-19 Medikament getest.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet d’Ministesch Kenntnis vun dësen Entwécklungen?

  2. Wat hält d’Regierung vun esou méigleche Covid-19-Medikamenter? Verléisst si sech beim Kaf vun esou Medikamenter eleng op d’EMA, oder ginn dës, wéi z. B. d’Schnelltester, och am LNS ënnersicht?

  3. Sinn am Moment scho Keef vu speziellen Anti-Covid-19-Medikamenter geplangt?

  4. Bedeelegt sech d’Regierung am Moment un de Fuerchungs-Käschten vun engem Covid-19 Medikament?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3908

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene