Ënnerstëtzung vun der Analyse vun de Sécherheets-Kontakter vum Justizministère

Context:Aktualitéitsstonn zu der Organisatioun vun der Sécherheet am ëffentleche Raum

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • D’Justizministesch an de Minister fir bannenzeg Sécherheet an der parlamentarescher Fro n°3574 erkläert hunn: “De Justizministère huet am Kader vun der Ausübung vu senge Missioune laut dem Gesetz vum 12ten November 2002 gefrot Asiicht an d’Dokumentatioun ronderëm déi vill diskutéiert Kontrakter vun enger Sëcherheetsfirma mat zwou Gemengen ze kréien an huet déi Dokumenter och krit. Si ginn aktuell analyséiert.”

Aus dësem Grond invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. de Justizministère an de Ministère fir bannenzeg Sécherheet voll a ganz bei der Analyse vun de Kontrakter an der Situatioun um Terrain ze ënnerstëtzen.

 

Dës Motioun gouf ofgeleent.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt