Impfungen vu vulnerable Persounen – wéi kann een sech aschreiwen?

Den 18te Februar 2021 huet den Haut-Commissaire à la Protection nationale an engem RTL-Interview Folgendes erkläert:
“Herno, an deenen nächste Phasen, wäert et esou sinn, dass d’Leit, wa se an déi Kategorie falen, déi grad drun ass, dass déi Leit iwwert hiren Dokter eng Certificatioun kréien, dass se vulnerabel sinn, dat leeft ganz einfach, den Dokter brauch do näischt ze schreiwen, den Dokter brauch just d’Matricule vun deene Leit an eng Datebank anzedroen…”

Dës Prozedur vum Opt-In ass logesch, well wéinst dem Secret médical keng Datebank vu vulnerabele Persoune bestoen dierft. Fir méiglechst vill vulnerabel Persoune fréizäiteg impfen ze kënnen, mussen dës also an déi aktuell Impfdatebank per Opt-in-Prozedur bäigesat ginn. 

Wéi mir awer matgedeelt gouf, wëssen, Stand haut – also 3 Wochen no dëser Annonce – weder déi vulnerabel Persounen, nach d’Dokteren, wou dës Datebank drun ass a wéi si sech hei kënnen androen. Eng Persoun, déi sech bei sengem Hausdokter ëmfreet, kritt als Äntwert, dass nach keng Info vun der Santé virläit. Wien op de Ministère vun der Santé urifft, kritt dann do als Äntwert, et misst een sech u säi Generalist wenden.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéini kënnen d’vulnerabel Persounen, sou wéi et vum Haut-Commissaire à la Protection nationale ugekënnegt gouf, sech an déi Impfdatebank aschreiwen? 

  2. Ass eng Pufferzäit virgesinn, fir dass d’vulnerabel Persounen sech virum Ufank vun de jeeweilegen Impfphasen an d’Datebank kënnen androen?

  3. Ass virgesinn, dass vulnerabel Persounen sech zu all Moment kënnen iwwert dës Prozedur an d’Datebank androen, ouni Récksiicht dorobber, dass si bei der viregter Phase nach net ageschriwwen waren?

D’Fro gouf den 12te Mäerz 2021 an der Chamber beäntwert.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene