Motioun fir méi Transparenz beim CO2-Ausstouss vu Fligeren

Context:Aktualitéitsstonn vum 10te Mäerz 2021 iwwert d’Reduktioun vun CO2-Emissiounen

D’Deputéiertechamber stellt fest:

  • Verschidden Online-Buchungsplattforme weise virum Kaf vun engem Fluchticket un, wéi vill CO2-Emissiounen duerch de Passagéier bei sengem Fluch wäerten ausgestouss ginn;
  • Am Sënn vun der Transparenz an am Hannergrond vun enger klimafrëndlecher Mobilitéitspolitik, wär et wichteg d’Passagéier z’informéieren, wat si duerch hire Fluch un CO2-Emissiounen ausstoussen, andeems den CO2-Ausstouss scho virum Kaf vum Ticket op der Online-Plattform ugewise gëtt;
  • An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°3446 begréissen Ministere fir Mobilitéit, Ëmwelt a Klima an Energie d’Iddi: “d’Affichéiere vum CO2-Ausstouss um Fligerticket kéint duerchaus nëtzlech sinn, virun allem well de Verbraucher doduerch informéiert a sensibiliséiert gëtt a soumat selwer entscheede kann ob hie bereet ass, besonnesch bei kuerze Strecken, op e méi ëmweltfrëndlecht Transportmëttel zréckzegräifen oder e Supplement um Fluchpräis ze bezuelen, fir den CO2-Verbrauch vum Fliger ze kompenséieren.”;
  • D’Käschten, fir dës Moossnam ze realiséieren, si marginal;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung:

  1. bei der Buchung vu Fligerticketen zu Lëtzebuerg soll an Zukunft den CO2-Ausstouss vum Passagéier bei der Reservéierung liesbar affichéiert ginn.
  2. och um Fligerticket (digital a Pabeier) soll den CO2-Ausstouss vum Passagéier liesbar affichéiert sinn.

Dës Motioun gouf an der Chamber ugeholl ass awer nach net ëmgesat.

Mir hunn an enger parlamentarescher Fro nogefrot, bis elo schéngt de Minister op dësem Plang awer nach näischt ënnerholl ze hunn.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene