Ginn zu Lëtzebuerg ugefaange Flacone vum Covid-Vaccin um Enn vun Dag ewech gehäit?

Zu Duisburg gëtt et ee Pilot-Projet mat deem iwwereg bliwwen Impfdosissen um Enn vum Dag verschafft solle ginn. Duerch eng App schéckt den Impfzenter SMSen u Leit, falls Dosissen iwwreg bleiwen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kënnt et zu Lëtzebuerg fir, dass Impfdosissen um Enn vum Dag ewechgehäit ginn, well Flaconen ugebrach sinn a keng weider Leit deen Dag Rendez-vous fir eng Impfung hunn?

  2. Falls jo, viséiert d’Regierung, fir een änleche System opzestellen, mat dem een Owes per SMS géing déi Leit invitéieren, déi als nächst un der Réi wiere, fir nach deen Dag eng Impfung ze kréien?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3814

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene