Déierentransport vun an duerch Lëtzebuerg

2018 sinn Zuele vum EPRS no 3.5 Millioune Geessen a Schof, 4.3 Millioune Kéi, 33.4 Millioune Schwäin an 1 Milliard Gefligel an der Europäescher Unioun vun A no B transportéiert ginn. Duerch dës Transporter vu liewegen Déiere goufen 2018, 8.6 Trilliounen Euro erwirtschaft. Och vu Lëtzebuerg aus maachen sech Déierentransporter op de Wee an d’Ausland an och duerch Lëtzebuerg fueren Transit-Transporter an aner Länner.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Déierentransporter hunn sech 2020 vu Lëtzebuerg aus, op de Wee an d’EU-Ausland gemaach (opgelëscht no Typ an Unzuel)? Wéi vill Déierentransporter hunn sech 2020 vu Lëtzebuerg aus, op de Wee an d’Net-EU-Ausland gemaach (opgelëscht no Typ an Unzuel)?

  2. Wéi al waren dës Déieren am Duerchschnëtt? Wéi al war dat jéngsten Déier?

  3. Wéi vill Déierentransporter hunn 2020 Lëtzebuerg als Transitland uginn? Wéi eng Déiere goufen esou duerch Lëtzebuerg transportéiert (opgelëscht no Typ an Unzuel)?

  4. D’Veterinärsinspektioun ass zoustänneg, fir d’Déierentransporter ze iwwerpréiwen.  Wéi vill Export-Transporter goufen an deene leschte 5 Joer kontrolléiert ?  Wéi vill Transit-Transporter goufen an deene leschte 5 Joer kontrolléiert?  Wéi stellt sech dat prozentual zu der Unzuel un Transporter duer?

  5. An Bayern huet ee Geriicht am Januar den Transport vun 30 trächtege Kéi a Kasachstan erlaabt, dëst well d’Kéi 48h Stonnen an Ungarn gepaust hunn, an et esou net méi als Transport vun Däitschland a Kasachstan mee nëmmen vun Ungarn a Kasachstan zielt. Ënnert anerem dowéinst gëtt elo op EU Niveau, iwwert eng Ofännerung vun de Reegelungen zu Déierentransporter diskutéiert. Huet de Minister Kenntnis iwwert d’Aarbechten an dësem Untersuchungsausschuss? Wat gouf bis well an dësen Diskussioune festgehalen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3800

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene