Iwwerwaachungskamera beim Large Scale Testing

Säit dem 27ten Abrëll 2020 gëtt et de Large Scale Testing (LST) zu Lëtzebuerg, mam Zil besser informéiert ze sinn an d’Kris besser geréieren ze kënnen.
An der lescht gouf reportéiert, dass op verschiddenen LST-Statioune Iwwerwaachungskameraen opgestallt goufen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass der Regierung bekannt, dass Iwwerwaachungskameraen op den LST-Statiounen installéiert gi sinn?
    • Falls jo: Aus wat fir Grënn gouf dat esou decidéiert?

  2. Wou ginn d’Date vun den Iwwerwaachungskamerae gespäichert?

  3. Fir wéi laang ginn déi Informatioune gespäichert?

  4. Goufe just op bestëmmten LST-Statiounen Iwwerwaachungskameraen ubruecht oder an allen Teststatiounen?
    • Wann se just op bestëmmten Teststatiounen installéiert goufen: Wéi eng Teststatioune krute Kameraen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3791

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene