Moosse vun der Qualitéit vu staatleche Servicer

Staatlech Servicer, déi mat Steiergelder bezuelt ginn an eng gesellschaftlech Vocatioun zum Zill hunn, kënnen sech am digitalen Zäitalter net méi hannert zouenen Diere verstoppen. Eng vun de gréissten Erausfuerderunge fir vill Organisatiounen, souguer am Privatsektor, ass den Erwaardunge vu senge Stakeholder gerecht ze ginn. De Fokus leit heibäi, nieft de Mataarbechter oder Fournisseuren, virun allem um Client/Steierzueler/Administré.

A menger Fro Nummer 1709 wollt ech deemools wëssen, wéi de Staat an d’Etablissements publics mat externe Bewäertungen um Internet ëmginn. D’Ministeren haten an hirer Äntwert geschriwwen, dass zënter 2002 dräi Sondagë gemaach goufen, fir d’Zefriddenheet vun de Biergerinnen a Bierger vis-à-vis vun hiren ëffentleche Verwaltungen ze moossen an, datt d’Bierger, wat d’CCSS betrëfft, d’Méiglechkeet hätten, hire Feedback iwwer Mail oder Formulaire bei der CCSS anzereechen.

D’Ministeren hunn an hirer Äntwert op meng Fro de Prinzip vun der Gestion par objectifs erwähnt, deen sech allerdéngs éischter op d’Gestion des Ressources humaines bezitt ewéi op d’Gestion des Réclamations oder d’Gestioun vun der Qualitéit. D’Ministere mengen heizou, datt d’Gestioun vun de Reklamatiounen eng Aufgab vun de respektive Verwaltungen ass.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Reklamatiounen (Mailen, Formulairen, etc.) sinn, opgelëscht no Joer, an de leschte 3 Joer bei der CCSS agaangen? Ginn dës Feedbacke vun de Clienten op iergendeng Aart a Weis verschafft (zum Beispill an eng Skala gesat)?

    Mat wéi engen Indicateure gëtt d’Qualitéit vun de Prestatioune bei der CCSS gemooss? 

  2. Wéi eng Verwaltungen an Etablissements publics erhiewen Donnéeën, déi d’Qualitéit vum Service moossen?
    Sinn dës Donnéeë public a falls jo, wou kann d’Biergerin/ de Bierger dës fannen?

  3. Mat wéi engen Indicateure gëtt d’Qualitéit vun de Prestatioune beim Staat gemooss? 

  4. Existéieren eenheetlech Indicateuren an der Fonction publique, déi verschidden Aspekter vun der Qualitéit vun de Verwaltungen ofdecken (zum Beispill: den Impakt vum Service op d’Gesellschaft, d’Zefriddenheet vum Bierger mam Service, Käschte vum Service, etc.)? Falls jo, wéi eng sinn dat?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3756

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene