Covid-19-Impfunge fir d’Personal aus de Laboen?

Eng Rei Beruffsgruppen, déi och zum Santéssecteur gehéieren, mee net direkt duerch e Kontrakt un e Spidol oder en Heem gebonne sinn, krute bis elo nach keng Invitatiounen, fir sech kënnen impfen ze loossen a ginn an der Impfstrategie och net explizitt erwäänt.
Esou ass et nach onkloer wéini z. B. d’Mataarbechter aus de Laboratoiren, déi Covid-19-Tester auswäerten, oder och Ambulancieren geimpft solle ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. A wéi enger Phase wäerten d’Mataarbechter aus de Laboratoiren, déi Analyse maachen, déi an Zesummenhang mam Covid-19 stinn, d’Méiglechkeet kréien, sech impfen ze loossen?

  2. A wéi enger Phase wäerten d’Mataarbechter vu privaten Ambulanzen en Zougang zu enger Impfung kréien?

Verlaf an der Chamber

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene