Invitatiounen fir den Large Scale Testing fir Schüler an Enseignanten

Den 12ten Februar gouf annoncéiert, dass d’Schoulen am ganze Land misste wéinst der héijer Unzuel un Infektioune bei Kanner a Jugendlecher zou maachen. Et war virgesinn, dass all d’Schüler an d’Enseignanten eng Invitatioun fir de Large Scale kréien, fir sech kënnen testen ze loossen. Esou soll séchergestallt ginn, dass d’Schoulen den 22ten Februar erëm kënnen ouni erhéichte Covid-19 Risiko opmaachen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Krutten all d’Schüler aus den Primärschoulen eng Invitatioun fir den Large Scale?

  2. Krutten all d’Schüler aus den Lycéeën eng Invitatioun fir den Large Scale?

  3. Krutten all d’Enseignanten eng Invitatioun fir den Large Scale?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3677

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt