D’Stater Piraten weisen sech enttäuscht iwwert d’Gestreits tëscht der Regierung an der Stater Gemeng, an deem de Problem vun der Sécherheet op der Gare net un der Wuerzel ugepaakt gëtt, mee iwwert Interviewen eng Diskussioun ausgedroe gëtt, déi kengem Awunner hëlleft. D’Energie fir d’Gestreits misst benotzt ginn, fir dem Bierger konkret Léisungen unzebidden, well Problemer op der Stater Gare ginn et genuch:
- Op der enger Säit leiden d’Awunner an d’Passanten ënnert engem stännegen Onsécherheetsgefill.
- Op der anerer Säit kréien d’Geschäftsleit op dëse Plazen, zënter dem Chantier Tram, keng Chance op Rou a vermësse Perspektive fir d’Zukunft.
- An net ze vergiessen déi tragesch Schicksaler vun deene Leit, déi vun der Gesellschaft marginaliséiert ginn an déi weiderhin een Tabu fir déi etabléiert Parteie bleiwen : Fraen a Männer ouni Daach iwwert dem Kapp, Immigranten ouni Pabeieren a Sozialrechter souwéi Drogenofhängeger, déi vun der Gemeng Richtung Abrigado gedréckt an do verstoppt ginn.
D’Stater Gemeng an och de Policeminister bréngen et weder zesummen, nach getrennt fäerdeg, iergendeen gescheit Konzept op d’Been ze stellen, fir d’Situatioun op der Gare souwéi an de Niewestroossen laangfristëg an de Grëff ze kréien.
An dat, obwuel hei déi selwecht Partei zënter Jore souwuel an der Regierung, wéi och am Stater Schäfferot vertrueden ass (DP) !
Eis Sektioun fuerdert endlech een Ëmdenke vun der Situatioun op der Stater Gare :
- Et brauch een nationaalt Konzept, fir géint Beschaffungs– an d’Drogekriminalitéit virzegoen an dëst net nëmmen op der Gare.
- D’Kameraiwwerwaachung ass kee Garant fir méi Schutz géint Kriminalitéit.
Se suergt just dofir, dass Biller vun dausende vu Leit op staatleche Servere landen. Mir Piraten leenen déi onnëtz Masseniwwerwaachung of. Och leene mir d’Iddi of, ee weidere Videoiwwerwaachungssystem am ëffentleche Verkéier opzeriichten. D’Recht op Privatsphär ass och an engem gratis ëffentlechen Transport bäizebehalen. Nëmme Biller ze sammele bréngt keng zousätzlech Sécherheet am ëffentleche Raum an duerch d’Kamerae wäerten sech déi bekannte Problemer just op aner Plaze verlageren. - Eenzeg d’Presenz vun der Police kann an eisen Aen zu enger Verbesserung vum Sécherheetsgefill op a ronderëm d’Stater Gare bäidroen.
Et däerf net sinn, dass d’Regierung an d’Gemeng d’Problemer op Sécherheetsfirmen ofwälzen. Mir brauche Patrullen, déi op dëser Plaz dem Bierger senger Sécherheet déngen. D’Politik muss endlech Neel mat Käpp maachen an de Leit Perspektive bidden : wéi vill Poliziste kënne bis wéi een Datum op der Stater Gare placéiert ginn ? De Policeminister soll net méi mat der Policegewerkschaft streiden, mee zesumme mat hinnen no Léisunge sichen, fir méi Polizisten ze rekrutéieren an hei anzesetzen. - Déi Leit, déi Hëllef brauchen, mussen se och kréien.
Et dierf net sinn, dass an engem räiche Land wéi Lëtzebuerg, sech eng ganz Rei vu Leit nach ëmmer ausgeschloss fillen. Mir brauche méi Investissementer a Streetworker souwéi Associatiounen, déi d’Leit op der Strooss iwwert hier Rechter opklären an se fir si duerchsetze kënnen. An och mussen déi Leit an Organisatiounen, déi all Dag op der Strooss hëllefen, méi vum Staat ënnerstëtzt ginn. Mir brauche méi Plazen, wou d’Leit sech melle kënne wann se Hëllef brauchen an dofir muss den Abrigado och däitlech ausgebaut ginn an endlech 24H/24h fir d’Leit op sinn.
D’Suen sinn do. Wat feelt, ass de Wëllen d’Saach unzegoen.