De Staat soll modern Sécherheetstechnik an neien Autoen subventionnéieren!

Context: Motioun zum Gesetzesprojet 7652

D’Deputéiertechamber stellt fest:

  • Am Alldag geschéihen am Stroosseverkéier eng sëllege Feehler, déi vu mënschlecher Origine sinn, ewéi zum Beispill ee Mangel u Konzentratioun, Middegkeet, Oflenkung, lues Reflexer, asw.
  • Modern Sécherheetsequipementer an Autoen kënnen Accidenter verhënneren, déi duerch mënschlecht Handelen eleng net ze verhënnere wieren.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung:

  1. modern Sécherheetstechnik beim Kaf vun engem Neiwon mat enger Subventioun z’ënnerstëtzen an dat ënnert de folgende Konditiounen:
    -fir Autoen bis zu engem Kafpräis vu 40 000€ soll de Montant vun dëser Subventioun maximal 1000€ bedroen.
    -fir Autoen mat engem Kafpräis ab 40 000€ soll d’Bäihëllef maximal 250€ bedroen.

D’Motioun gouf mat de Stëmmen vun der Majoritéit ofgeleent.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene