Epreuves communes am Fondamental (Cycle 4.2.)

Ab dem 11ten Mäerz, a genee engem Mount, sollen d’Epreuves communes fir de Cycle 4.2 (dat aalt 6t Schouljoer) stattfannen. De 25ten Mäerz sollen d’Epreuven ofgeschloss sinn. Hei ginn et awer nach ganz vill oppe Froen, net nëmme vu Schüler an Elteren, mee och vum Léierpersonal.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi wäerten d’Epreuven dëst d’Joer organiséiert ginn? Wat fir Hygiènes-Mesurë si virgesinn?

  2. Wat ass virgesinn, falls fir dës Period de System vun A a B Klassen an de Schoule virgeschriwwen ass an d’Hallschent vun de Schüler deen Dag oder déi Woch net an der Schoul ass?

  3. Wat ass virgesinn, am Fall wou d’Schoulen zu dëser Zäit erëm musse ganz zoumaachen?

  4. Am Januar an am Februar sollen d’Psychologe vum CePAS an d’Klasse goen. Wéi wäit sinn déi Entrevuen ofgeschloss? Wat fir een Impakt huet de momentanen Homeschooling op dës Gespréicher?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3606

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene