Fedil: “Idiotesch a Kontraproduktiv”

Communiqué

D’Pirate weisen sech entsat iwwert d’Aussoe vum Michèle Detaille, Presidentin vun der Fedil, an engem RTL Interview. Aussoe wéi déi, dass Transparenz “idiotesch a kontraproduktiv” wier, an dass just an enger Diktatur Transparenz géing herrschen, si fir eis absolut net nozevollzéien. 

Missten et net méi transparent Krittäre ginn, wann eng Firma sech zu Lëtzebuerg wëll usidelen a missten d’Biergerinnen a Bierger am Land net an de Prozess mat agebonne ginn? Nee, seet d’Presidentin vun der Fedil. Dat géing nëmmen zu jorelaangem “Blabla” féieren. Déi Astellung – net diskutéieren, net froen – scho guer net d’Deputéiert, d’Raumplaner oder Ëmweltexperten, ass eng toxesch Astellung, déi hei zu Lëtzebuerg vill ze oft Usus ass.

Sollten d’Deputéierten d’Regierung an hire Verhandlungen an an de Kontrakter, déi do draus entstinn, kontrolléiere kënnen ? Nee, dat wier idiotesch an absolut kontraproduktiv. D’Deputéiert kennen oft näischt vun dësen Dossieren a kënnen näischt domat ufänken.

Mir Pirate sinn do komplett anerer Meenung. D’Deputéiert gi vum Vollek gewielt, si sollen d’Wieler no beschtem Wëssen a Gewësse vertrieden. Mee wéi soll dat goen, wann een, wou et nëmme geet, d’Dier virun der Nues zougemaach kritt an d’Regierung mat Leit aus dem privat Secteur hannert zouenen Dieren eleng decidéiert? Et kann net sinn, dass d’Vertrieder vum Vollek reegelméisseg virun d’Geriichter mussen zéien, wëll si am Däischtere gelooss ginn.

Mir Pirate gesinn eis als Vertrieder vun de Bierger a wëllen hinnen an hire Suergen eis Stëmm léinen. Mir sti fir méi Transparenz, an der Politik wéi och an all anere gesellschaftlechen- a wirtschaftleche Beräicher. D’Fedil ass no eegenen Angaben “The Voice of Luxembourg’s Industry”. Mir hoffen, dass d’Aussoe vun der Madamm Detaille net d’Vue vum ganzen Industrie-Secteur zu Lëtzebuerg reflektéieren. Eist Verständnis vun Demokratie ass op jiddefalls een anert.

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt