Lëtzebuergesch Variant vum Covid-19

Wéi de 4. Februar 2021 an der däitscher Presse gemellt gouf, huet eng Mataarbechterin aus engem däitsche Spidol sech mat enger “als norwegisch oder auch luxemburgisch bezeichnete Variante des Coronavirus” infizéiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet d’Regierung Kenntnis vun dëser lëtzebuergescher Variant vum Covid-19?

  2. Wéini ass bei enger Sequenzéierungen déi éischte Kéier déi lëtzebuergescher Variant opgetaucht?

  3. Säit wéini weess d’Regierung, dass et eng lëtzebuergesch Variant gëtt?

  4. Wéi eng Informatiounen huet d’Regierung doriwwer, awéifern sech déi lëtzebuergesch Variant vum Virus vun anere Forme vum Covid-19 ënnerscheet?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3584

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene