Areesen aus dem Net-EU-Ausland

Zanter dem 29.01.2021 mussen Areesender aus dem Net-EU-Ausland ee Schnelltest um Findel maachen. Elo kann et virkommen, dass den Passagéier keen Direktvol aus dem Ausland op de Findel huet, mee dotëscht een Tëschestopp aleet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Am Fall wou eng Persoun d’Rees bei enger Airline bucht (direkt Vol oder mat ëmsteigen) huet Douane d’Accès zu dëser Informatioun iwwert den Dossier passager (PNR). An dësem ass notéiert, wou d’Rees vun dëser Persoun ugefaangen huet. Kontrolléiert Douane iwwert de PNR, bei Flich aus dem EU-Ausland, op sech ënnert de Passagéier och Persoune befannen, déi an der EU nëmmen een Tëschestopp ageluecht hunn?

  2. Ginn dës Persounen der Douane scho virun der Arrivée vum Fliger um Findel iwwermëttelt oder mussen si sech selwer bei der Douane mellen?

  3. Ass d’Teststatioun um Findel all Dag prett, och am Fall wou u sech deen Dag kee Vol aus dem Net-EU-Ausland geplangt ass, fir dës Passagéier trotzdeem ze testen?

  4. Krut Douane zu dësem Thema Consignë vun den zoustännege Ministeren? Falls nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3576

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene