Beihëllefen fir ongedéckte Käschte bis Enn 2021 verlängeren

Context:Projet de Loi 7752

D’Deputéiertechamber stellt fest:

  • dass d’Covid-19-Pandemie an déi domat verbonne sanitär Mesuren en net negligéierbaren Impakt op d’Wirtschaft hunn;
  • dass et besonnesch wichteg ass kleng a mëttelstänneg Betriber finanziell ze ënnerstëtzen, fir d’Villfältegkeet vun der Lëtzebuerger Wirtschaft oprecht ze erhale wärend an och no der Kris;
  • dass et fir d’Betriber wichteg ass, Previsibilitéit a Finanzfroen ze hunn;
  • dass net ze erwaarden ass, dass sech d’wirtschaftlech Situatioun bis Enn 2021 esou wäit wäert stabiliséiert hunn, dass d’Betriber am Land net méi op Bäihëllefen ugewise wären;
  • dass d’Europäesch Kommissioun beschloss huet, deen um 19. Mäerz 2020 erloosse Kader fir staatlech Bäihëllefen zur Protektioun vun der Wirtschaft face vum COVID-19 bis zum 31. Dezember 2021 ze verlängeren.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung:

  1. ze envisagéieren, zäitno d’Lafdauer vun de Bäihëllefe fir ongedeckte Käschte bis den 31. Dezember 2021 ze verlängeren.

D’Motioun huet keng Majoritéit an der Chamber fonnt.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene