FRO.LU: D’Sécherung vum Kommunikatiounsnetz a Krisenzäiten

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Premierminister weiderzeleeden.

Duerch d’Covid-Kris huet jidderee misse méi op digital Kommunikatioun am private Liewe grad ewéi an der Aarbechtswelt zréckgräifen. D’Mass un Daten ass zäitweis e sou héich erop gaang, dass zum Beispill verschidde Streaming-Déngschter hu mussen d’Qualitéit vun hirem Service erofsetzen, fir kënnen ze garantéieren, dass d’Netz déi Quantitéite packt.

Mam Gesetz vum 23.07.2016 a mam Règlement grand-ducal vum 21.02.2018 goufe verschidde Secteuren am Fall vun enger Kris als essentiell agestuuft. Eng Lëscht vu Risike gouf festgehalen, wou eng Crise sanitaire wéi mer se am Moment kennen, dozou gehéiert. Ënnert d’Secteuren déi am Fall vun enger Kris mussen oprechterhale ginn, fällt och de Kommunikatiounssecteur:

“Le secteur des technologies de l’information et de la communication s’étend d’un côté sur les domaines de la programmation informatique, de la gestion d’installations informatiques, du traitement de données, de l’hébergement de services d’information et des portails internet. Le volet de la communication couvre les télécommunications filaires, les télécommunications sans fil et les télécommunications par satellite ;”

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Gouf am Kader vun dësen Texter schonn ee plan de sécurité et de continuité de l’activité fir dëse Secteur ausgeschafft?
    Wa jo, wéini gouf dësen erstallt? Denkt de Minister, dass de Plang nach aktuell genuch ass, fir den haitege Realitéiten um Terrain Rechnung ze droen?
  2. Wéi eng Mëttele stinn dem Haut-Commissariat à la Protection nationale an de Bedreiwer an dësem Kader zur Verfügung?

Fro n°3533

Verlaf an der Chamber

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene