Lëtzebuerg – Bréissel an ënnert 3 Stonnen

Wéi d’Wort an engem Artikel vum 19te Januar beriicht, hunn de belschen an de lëtzebuergesche Mobilitéitsminister eng Participatioun vun der EU-Kommissioun ugefrot, fir d’Zuchstreck tëschent Lëtzebuerg a Bréissel an de Genoss vun europäeschen Hëllefsgelder kommen ze loossen.  Un der Verbindung tëschent den zwou Haaptstied gëtt zur Zäit nach geschafft. Am Joer 2016 haten déi lëtzebuergesch a belsch Regierung deklaréiert, dass ab 2023 d’Verbindung sollt an 2 Stonnen a 7 Minutte realiséiert ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Sinn déi deemoleg Ukënnegunge vun 2016, nach bis 2023 realiséierbar, oder wäerten d’Aarbechten un dëser Streck sech déi nächst Joren nach weider zéien?  Falls letzteres zoutrëfft, wéini mengt de Minister, datt d’Streck Bréissel-Lëtzebuerg an 2 Stonnen a 7 Minutte gefuer wäert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3495

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene