Aarbechter mat engem Statut handicapé beim CFL

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Mobilitéit weiderzeleeden.

Op d’Fro vum November 2020(n°3122) hunn d’Ministere fir Aarbecht an den ëffentlechen Déngscht bestätegt, dass an der Fonction publique d’Quot vu 5% vun den Aarbechter mat engem Statut handicapé respektéiert gëtt. Am Artikel L562-3 vum Code du travail deen dës 5% Quot virgesäit, ass och d’Société nationale des chemins de fer luxembourgeois (CFL) opgelëscht.

Ginn déi 5% beim CFL respektéiert?

  1. Ginn déi 5% beim CFL respektéiert?
    Falls net, wéi vill Persoune mat engem Statut Handicapé missten agestallt ginn, fir dës Quot ze erreechen?
  2. An wéi engem Service schaffe prozentual gesinn, déi meeschte Persoune mat engem Statut handicapé?
    An wéi engem Service schaffe prozentual gesinn, am mannsten Persoune mat engem Statut handicapé?

Fro n°3493

Verlaf an der Chamber

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt