Rekrutement fir d’Impfzentren

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Ministesch fir Gesondheet weiderzeleeden.

Säit enger Woch kennen déi éischt Leit sech zu Lëtzebuerg géint de Covid-19 impfe loossen. D’Impfstategie gesäit vir, dass an enger éischter Phas d’Personal aus dem Beräich vun der Santé an de Soinen geimpft soll ginn an duerno schrëttweis déi ganz Populatioun Zougrëff op eng Impfung kritt. Fir méiglechst vill Persounen an engem méiglechst sécheren a kontrolléierten Ëmfeld impfen ze kennen, ginn Impfzentren opgemaach.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Wéi vill Persoune konnte bis ewell rekrutéiert ginn, fir Impfunge géint de Covid-19 duerchzeféieren?
    Aus wéi enge Beruffer bzw. aus wéi enge Schoulen/Universitéite kommen dës Leit?
  2. Wéi vill Persoune sollen an de kommende Wochen a Méint nach rekrutéiert ginn, fir Impfunge géint de Covid-19 duerchzeféieren?

Fro n°3374

Verlaaf an der Chamber

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt