Evaluatioun an de Kontroll vum Gesondheetszoustand vun den Assuréë – Nofro

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Sozialversécherung weiderzeleeden.

An menger Fro vum 26.10.2020 (n°3043) huet de Sozialversécherungsminister erkläert, dass esou, wéi et am Code de la Sécurité Sociale virgesinn ass, nëmmen op ausdrécklech Demande vum Patient eng Diagnose vum Kontrolldokter erstallt gëtt.

 

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. Ass garantéiert, datt wann den Assuré esou eng Demande gestallt huet, en d’Diagnos vum CMSS kommunizéiert kritt, fir esou eventuell een zweeten Avis bei sengem eegenen Dokter kënnen unzefroen?
  2. Sinn dem Minister Fäll bekannt, an deenen eng Diagnose festgehale gouf ouni, dass de Patient dës ausdrécklech gefrot hat?
  3. Op wéi engem Wee ass virgesinn de Patient ze informéieren, falls de Kontrolldokter eng Aarbechtsonfäegkeet (Incapacité de Travail) feststellt?

Fro n°3353

Verlaaf an der Chamber

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene