Eng parlamentaresch Fro iwwert den Centre médico-sportif

Ze laang Waardezäiten?
Mir wollte wësse wéi ausgelaascht de Medico zu Lëtzebuerg ass.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:

Eng medezinesch Kontroll an engem Centre médico-spotif ass eng noutwenneg Viraussetzung fir zu Lëtzebuerg eng Lizenz fir de competitven Sport ze kréien. Fir motivéierte Sportler hiren Elan net ze huelen, ass et wichteg, datt Persounen, déi eng Demande fir esou eng Lizenz areeche wëllen, séier e Rendezvous bei engem Dokter kenne kréien.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Wéi vill Persoune sinn am Joer 2018 – opgeschlësselt no Zenter – bei engem Dokter vum Centre médicosportif passéiert?
  • Wéi vill Persounen kéinten – opgeschlësselt no Zenter – pro Mount maximal beim Centre médico-sportif passéiren?
  • Wéi vill Zäit louch 2018 an der Moyenne – opgeschlësselt no Zenter a Mount – tëscht dem Huelen vum Rendezvous an der tatsächlecher Visitt beim Dokter vum Centre médico-sportif?

Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député


Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt