Gëtt d’Chrëschtvakanz verlängert?

Lëtzebuerg huet och kuerz virun der Chrëschtvakanz ëmmer nach mat der Covid-19-Pandemie ze kämpfen an no de Feierdeeg drohen d’Infektiounszuelen nach emol unzesteigen, well net ofzegesinn ass, wéi vill Kontakt d’Leit mat hire Famillen a Frënn iwwert d’Chrëschtdeeg a Silvester wäerten hunn.Fir ze verhënneren, dass Persounen, déi sech iwwert d’Feierdeeg ugestach hunn, de Virus no der Vakanz onkontrolléiert weider ginn, kéint een envisagéieren, d’Vakanz ëm eng Woch ze verlängeren, an där d’Leit gebiede ginn, esou vill wéi méiglech doheem ze bleiwen an esou gutt et geet kee Kontakt méi mat anere Menagen ze hunn.

An deem Zesummenhang hu mir dem Bildungsminister dës Fro gestallt:

  • Envisagéiert d’Regierung, d’Chrëschtvakanz ze verlängeren?

Fro n°3313

Verlaf an der Chamber

 

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene