Ufro, fir dass de Montant vun der ëffentlecher Entwécklungshëllef net ënnert 1% vum RNB fällt

Context:Debatt iwwer Politik fir Entwécklungshëllef an humanitär Aktiounen

D’Deputéiertechamber stellt fest:

  • dass Lëtzebuerg seng Engagementer, déi um Niveau vum Plan d’Action vun Addis Abeba geholl goufen eescht hellt.
  • dass d’Regierung trotz der COVID-19-Kris weiderhi well de Partnerlänner finanziell zur Säit stoen.
  • dass grad eis Partnerlänner schwéier vun der COVID-19-Kris wäerte getraff ginn.
  • dass d’Regierung a Lëtzebuerg e „pays solidaire“ gesäit an dofir 1% vu sengem RNB an d’Entwécklungskooperatioun investéiere well.
  • dass déi aktuell sanitär Kris och wirtschaftlech Repercussiounen huet an doduerch eng Diminutioun vum RNB mat sech bréngt.
  • dass d’Festhalen un enger finanzieller Hëllef vun 1% vum RNB an der aktueller Situatioun enger Baisse vun de Mëttelen an absolutten Zuelen entsprécht.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung:

  1. De Montant vun der ëffentlecher Entwécklungshëllef, déi Lëtzebuerg senge Partnerlänner am kommende Budgetsjoer accordéiere wäert, net ënnert d’Moyenne vun de finanzielle Mëttelen, déi an de leschten dréi Joer investéiert goufen, falen ze loossen.

D’Motioun huet keng Majoritéit an der Chamber fonnt.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene